Kategorie A2 (Motorrad ≤ 35 KW)

b

Demande d'obtention d'un permis

Ënnerlagen, déi fir d’Umelle gebraucht ginn:

Mindestalter 17 1/2 Joer

  • En Attest vum Dokter: net méi al wéi 3 Méint
  • 1 Passfoto: en aktuellt Passbild (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm
  • Fotokopie vun denger Identitéitskaart
  • Ënnerschrëft vun denger Demande vun engem Elterendeel + Fotokopie vu senger Identitéitskaart, falls de nach net groussjäreg bass
  • En Extrait aus dem Casier aus dem Land wou s de kënns, wann s de manner wéi 5 Joer zu Lëtzebuerg liefs

Theoreteschen + Prakteschen Deel :

6 theoretesch Stunden

(3 weider Stonnen, wann s de d’Prüfung net packs)

+

Theoretesch Prüfung

Prakteschen Deel:

16 praktesch Stonnen

(8 weider Stonnen, wann s de d’Prüfung net packs)

+

Praktesch Prüfung

Erweiderung vun A1 op A2

7 Stonnen (Theorie an Praktik)

De Führerschäin vun der Klass A2 erlaabt et dir, heimat ze fueren:

  • e Motorrad vun ≤ 35 kW mat engem Verhältnis Leeschtung/Eidelgewiicht vun ≤ 0,2 kW/kg a wat net méi wéi d’Hallschent vun der Leeschtung huet dierfen erofgesat ginn
  • Motorrad 125 ccm
  • Mofa bis zu 50 ccm
  • Quad bis zu 50 ccm