Kategorie F (Trakter)

b

Demande d'obtention d'un permis

Ënnerlagen, déi fir d’Umelle gebraucht ginn:

Mindestalter: 15 1/2 Joer

  • En Attest vum Dokter: net méi al wéi 3 Méint
  • 1 Passfoto: en aktuellt Passbild (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm
  • Fotokopie vun denger Identitéitskaart
  • Ënnerschrëft vun denger Demande vun engem Elterendeel + Fotokopie vu senger Identitéitskaart, falls de nach net groussjäreg bass
  • Speziell Ausbildungs-Versécherung(en) fir dat/déi Gefier(er) déi fir d’Ausbildung benotzt ginn

Theoreteschen Deel:

12 theoretesch Stonnen

(6 weider Stonnen, wann s de d’Prüfung net packs)

+

Theoretesch Prüfung

Prakteschen Deel:

  • Wann s de deng theoretesch Prüfung gepackt hues, dierfs du Trakter fueren, fir dech op deng praktesch Prüfung vir ze bereeden, fir déi s du automatesch ugemellt gëss
  • Praktesch Prüfung
  • Vergiess net ze iwwerpréiwen, ob s du all néidegËnnerlagen hues, fir d’praktesch Prüfung kënnen ze maachen (kuck dofir genau d’schrëftlech Invitatioun zu der Prüfung)
  • Wann s de déi praktesch Prüfung net packs, muss de déi Kéier dono e Steier-Timber matbréngen vun 30€ fir d‘Prüfung

De Führerschäin vun der Klass F erlaabt et dir, heimat zefueren:

< 18 Joer:
  • Trakter an engem Ëmkrees vu 15km em de Bauerenhaff ≤ 40km/h
  • Aarbechtsmaschinn mat enger Eegemass vu ≤ 600kg ≤ 25km/h
  • Mofa ≤ 50cm3 ≤ 45km/h
  • Mofa mat dräi Rieder ≤ 50cm3 ≤ 45km/h
  • Mofa mat véier Rieder ≤ 50cm3 ≤ 45km/h
≥ 18 Joer:
  • Héichgeschwindegkeets-Trakter
  • Aarbechtsmaschinn mat maximal zougeloossener Gesamtmass vu ≤ 12000kg
  • Aarbechtsmaschinn mat enger Eegemass vu ≤ 12000kg
  • Mofa ≤ 50cm3 ≤ 45km/h
  • Mofa mat dräi Rieder ≤ 50cm3 ≤ 45km/h
  • Mofa mat véier Rieder ≤ 50cm3 ≤ 45km/h