KATEGORIE B – BEGLEET FUEREN (AUTO)

b

Demande d'obtention d'un permis

Ënnerlagen, déi fir d’Umelle gebraucht ginn:

Mindestalter: 17 Joer

  • En Attest vum Dokter: net méi al wéi 3 Méint
  • 1 Passfoto: en aktuellt Passbild (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm
  • Fotokopie vun der Identitéitskaart vun denge(m) Begleeder
  • Fotokopie vun denger Identitéitskaart
  • Speziell Fuerschüler-Versécherung(en) fir begleetent Fueren
  • Ënnerschrëft vun denger Demande vun engem Elterendeel + Fotokopie vu senger Identitéitskaart, falls de nach net groussjäreg bass
  • En Extrait aus dem Casier aus dem Land wou s de kënns, wann s de manner wéi 5 Joer zu Lëtzebuerg liefs
De Minimum un theoretesche Stonnen:

12 Stonnen

(6 Stonnen, falls de e Führerschäin vun enger anerer Klass hues)

De Minimum u praktesche Stonnen:

16 Stonnen
D'Begleetpersoun(en)

Zwee Elterendeeler oder Famillje-Member vum éischten/zweete Grad dierfe gläichzäiteg Begleetpersoun vun engem Kandidat sinn. Ausser fir d’Elteren oder Famillje-Member vum éischten/zweete Grad dierf kee gläichzäiteg de Begleeder vu méi wéi engem Kandidat sinn. De Begleeder muss mindestens säit 6 Joer de Führerschäin vun der Klass B hunn. De Begleeder muss mat engem Extrait aus dem Casier Judiciaire beweisen, dass e net verurteelt gouf am Kontext vun der StroosseLegislatioun an dass en an de leschte 5 Joer net Géigestand vun engem Verwaltungsoder Rechtsfall war am Kontext vun der Stroosse-Legislatioun.

Konditioune fir zum begleete Fueren zougelooss ze ginn:
  • De Kandidat muss en theoreteschen Exame gepackt hunn. E muss och mindestens 12 praktesch Stonnen hannert sech hunn. De Begleeder muss bei mindestens 2 praktesche Stonne vum Kandidat dobäi sinn. Den Attest fir d’begleetent Fuere muss fir valabel deklaréiert sinn. Konditioune fir den Auto, deen agesat gëtt:
  • D’Gefier muss der Kategorie Klass B entspriechen a muss mat dem Buschtaf “L” op roudem Hannergrond gezeechent sinn. Reegelen, op déi beim begleete Fuere mussen opgepasst ginn:
  • D’Begleetpersoun muss fir sëtzen. D’begleetent Fueren ass verbueden tëschent 23.00 a 6.00 Auer. D’begleetent Fueren ass verbueden ausserhalb vum lëtzebuergeschen Territoire. De Kandidat muss op Demande hi säi Certificat a seng Identitéitskaart virweise kënnen. De Begleeder muss e schrëftleche Bericht féieren iwwer d’Entwécklung vum Kandidat. All Verstouss géint d’Gesetz vum Stroosseverkéier bréngt mat sech, dass d’begleetent Fueren annuléiert gëtt. Virbereedung op déi praktesch Prüfung:
  • Virun der praktescher Prüfung muss de Kandidat op mannst nach 4 praktesch Stonnen mat sengem Ausbilder vun der Fahrschoul maachen. De/D’Begleeder mussen dem Ausbilder de schrëftleche Bericht ofginn.
  • No engem eventuellen Duerchfalen bei der praktescher Prüfung kann et eréischt weider goen mam begleete Fueren, wa 5 Stonnen mam Ausbilder vun der Fahrschoul gemaach goufen. Virun der neier praktescher Prüfung muss de Kandidat op mannst 3 weider Stonnen huelen.

Den eigentlech Führerschäin:
Soubal déi praktesch Prüfung gepackt ass, gëtt e provisoresche Führerschäin fir d’Stagezäit vu 24 Méint ausgestallt.

Fréistens 3 Méint no dësem provisoresche Führerschäin muss de Besëtzer un engem praktesche Fuertraining deel huelen zu Colmer-Bierg am “Centre de formation pour conducteurs”.

No der Stagezäit an dem Fuertraining am “Centre de formation pour conducteurs” gëtt dann deen definitive Führerschäin ausgestallt.