Kategorie B (Auto)

b

Demande d'obtention d'un permis

Ënnerlagen, déi fir d’Umelle gebraucht ginn:

Mindestalter 17 1/2 Joer

  • En Attest vum Dokter: net méi al wéi 3 Méint
  • 1 Passfoto: en aktuellt Passbild (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm
  • Fotokopie vun denger Identitéitskaart
  • Ënnerschrëft vun denger Demande vun engem Elterendeel + Fotokopie vu senger Identitéitskaart, falls de nach net groussjäreg bass
  • En Extrait aus dem Casier aus dem Land wou s de kënns, wann s de manner wéi 5 Joer zu Lëtzebuerg liefs

De Minimum un theoretesche Stonnen:

12 Stonnen

(6 Stonnen, falls de e Führerschäin vun enger anerer Klass hues)

De Minimum u praktesche Stonnen:

16 Stonnen

De Führerschäin vun der Klass B erlaabt et der, mat folgende Gefierer ze fueren:

  • en Auto mat bis zu 9 Sëtzplazen (mam Chauffeur dobäigerechent) woubäi seng Gesamtmass net méi héich dierf sinn ewéi 3500 kg
  • e Liwwerwon (Camionnette)
  • en Trakter
  • e Mofa bis zu 50ccm
  • e Quad
  • en Unhänger bis zu 750kg maximal zougeloossenem Gesamtgewiicht

Den eigentlech Führerschäin:
Soubal déi praktesch Prüfung gepackt ass, gëtt e provisoresche Führerschäin fir d’Stagezäit vu 24 Méint ausgestallt.

Fréistens 3 Méint no dësem provisoresche Führerschäin muss de Besëtzer un engem praktesche Fuertraining deel huelen zu Colmer-Bierg am “Centre de formation pour conducteurs”.

No der Stagezäit an dem Fuertraining am “Centre de formation pour conducteurs” gëtt dann deen definitive Führerschäin ausgestallt.